Stärekanner 

an 

Prématuréeën Asbl

Mir sinn un ärer Seit


Wat machen mir?

Mir engagéiere eis fir Stärekanner an Prématuréeën zu Letzebuerg an am noen Grenzgebitt

Bénévole an vollstänneg gratis

gin och Kliniken CHL an Bohler vun eis  mat Kleeder, Nid d'anges, Bettwäsch an Houssen ennerstetzt. 

Fir dass mir ons awer iergendwei finanzeiert kreien, hun mir des Info an Shopseit an d'Liewen geruff.  Elo kennt dir ganz gaeren eppes kafen , alles ass professionnell hirgestallt aus Bio Stoffer, domat ennerstetzt dir eis, an dir kritt fir klengt Geld schéin Saachen, dei all Unikater sinn. 

En klengen Iwwerbleck wat mir machen

Fir wen sinn mir do?

Fir d'Eltere vu Stärekanner an Prématuréeën, Kliniken an all aneren den eis Ennerstezung brauch.

Wéi hellefen mer?

Mir bitzen Kleeder fir dei kleng Meis dei vill ze fréih gebuer goufen an Abschids-Setten fir Stärekanner, dei leider hier Elteren ni kenneléieren duerften.


Ons Geschicht

Aus der Iddi gebuer, eppes sennvolles, hellefreiches a kreatives aus Stoffreschter ze maachen, ass des Asbl entstaanen.

Onst Team 

9 Dammen dei kreativ an mat Fréed bitzen, aus allen Déeler vun eisem klengen Ländchen.

Ennerstetzt vun Dammen aus enger Quiltgrupp

Fir Froen mellt iech gären bei ons iwwer email:
[email protected]